Dir hutt e Bauprojet
zu Lëtzebuerg?Mir realiséieren en zesummen!

Dir wëllt de Sprong woen an Äert eegent Haus baue loossen? Är Sich huet en Enn, bei eis sidd Dir richteg. Vum ursprüngleche Konzept vun Ärem Haus bis hin zur Ariichtung stellen Iech eis Equippe vun Experten hir Kreativitéit an hiren Knowhow zur Verfügung, fir dass Äre Projet e vollen Erfolleg gëtt.
Erkläert eis Äre Projet a profitéiert vun engem gratis Devis.Bescht Präis-Leeschtungs-Verhältnis
Dank eisen exzellente Relatioune mat eise Fournisseuren, dem Akaf vun de Materialien direkt an der Fabrik, eisem ekologesche Bewosstsinn an eisem Interessi un neien Technologien, si mir an der Lag Iech eng onvergläichlech Qualitéit zu den attraktiivste Präisser ze bidden.
Stänneg Begleedung
Hand an Hand begleede mir Iech vum Ufank bis zum Enn vun Ärem Projet. D'Gestioun vun de Flächen, d'Exploitatioun vun der Luucht, d'Raumverdeelung an den Interieur si kee Geheimnis fir eis Equippen. Bei all Etapp gitt Dir vun engem Expert beroden, deen Är Froe beäntwert.
Garantie fir eng propper Aarbecht
Eise Plus? D'Vertrauen. Mir gräifen nëmmen op héichqualitativ Materialien zeréck an op d'Aarbecht vun eisen héichqualifizéierten Equippen, a garantéieren esou éischtklassesch Aarbecht. Ausserdeem si mir mat enger Rëtsch Labelen ausgezeechent, wéi: „Passivhaus Institut“, „Energie fir d’Zukunft“, „Smart Building“, „Made in Lux“, „Service Academy“, … déi eisen Knowhow beweisen.
Equipe vu Profien
Steemetzer, Daachdecker, Fassadenaarbechter, Heizungsmonteuren an -installateuren, Finisseuren, Plätterchers- a Paveeleeër, Chantierscheffen ... Eis Equippen, déi sech aus Profien zesummesetzen, wouvunner verschiddener scho méi wei 20 Joer an eisem Betrib schaffen, maache stänneg Weiderbildungen an den neisten Techniken an Technologien a si sou de Garant fir eng gutt Koordinatioun vun Ärem Projet.
Transparent Präisser
Eis Präisser ginn däitlech, Poste fir Posten opgelëscht fir all Iwwerraschung ze vermeiden. Ausserdeem erlaabt Iech den detailléierten a chiffréierte Cahier des charges Äre Budget am Bléck ze behalen – komplett transparent an ouni béis Iwwerraschungen.
Delaien, déi agehale ginn
Keng béis Iwwerraschungen! Dank eiser koordonnéierter an organiséierter Equippenaarbecht, kënne mir Iech ënner Virbehalt (z. B. schlecht Wieder), scho beim Ënnerschreiwe vum Kontrakt, eng Liwwerung vum Haus zu engem festgeluechten Datum garantéieren. Tatsächlech hutt Dir mat dëser Garantie als Proprietär d'Sécherheet, dass Äert Haus zum am Kontrakt festgehalene Präis an Delai fäerdeg gëtt.
Ekologieexperten
Mir sinn ëmweltfrëndlech an dowéinst ganz engagéiert an der Lutte géint d'Verschwendung an d'Äerderwiermung. All eis Haiser sinn de lëtzebuergeschen Normen no als passiv zertifiéiert an dëst gëtt duerch ee Blower Door Test beluecht, deen an eisem Präis abegraff ass. Ausserdeem proposéiere mir Iech eng large Palette un ekologesche Léisungen an Eko-zertifiéierten, recyclabelen esou wéi net gesondheetsschiedleche Materialien.
Um neitste Stand vun der Technologie
Mir sinn eng vun den éischte Gesellschaften zu Lëtzebuerg déi d'BIM Technologie (Building Information Modeling) an der Konstruktioun vu schlësselfäerdegen Haiser integréiert huet. Dat erlaabt eis en nenneswäerten Zäitgewënn op de Chantieren, souwéi eng präzis Käschterechnung.
Ee grousse Choix fir all Goût
Fir Äert schlësselfäerdegt Haus, schloe mir Iech vir, bei eis an de méi ewéi 950 m2 grousse Showroom ze kommen, wou Der eng ganz Rei vun avantgardistesche Materialien an den Trends entdecke kënnt. Kichen, Buedzëmmer, Plättercher, Sanitärsariichtungen, Dieren, Parquet, Gelänner, … Dank der Begleedung an der Berodung vun eisen Innenarchitekten, bleiwe keng Froe méi op.
Besichtegt eise Showroom1
Showroom
100
ausgestallten Zorten u Parquet, Laminat a Vinyl
40
ausgestallte Dieren
200
ausgestallte Mauer- a Buedemplättercher
57
Marke fir Är Bannenariichtung
35
Direktfournisseuren
Staatlech Hëllefen
fir d'Passivhaus.
Wësst Dir, dass de Staat dem Bauhär gewësse Subventiounen accordéiert? CLK hëlleft Iech bei der Demarche fir dës Subventiounen unzefroen, déi jëe no der technescher Installatioun an Ärem Haus accordéiert ginn. An et gëtt nach besser, mir garantéieren Iech den Energiepass vun Ärem Doheem a réechen Äre Primmendossier an. Sou këmmere mir eis och ëm d’Demande direkt Applikatioun vun der superreduzéierter TVA vun 3 % an Dir musst Iech ëm soss näischt këmmeren.
Dir wëllt en Iwwerbléck iwwert de Montant vun den accordéierte Primmen an d’Konditiounen un déi se gebonne sinn? Rendez-vous op myenergy.lu

Loosst eis
déi richteg Froe stellen.
Dir hutt Iech dozou entscheet de Schrëtt ze woen, mee Dir wësst net wou Dir ufänke sollt? Dat ass ganz normal!
Eis Beroder beäntweren all Är Froen a begleeden Iech vun Ufank bis zum Enn vun Ärem Projet.

Ech hunn en Terrain, wat elo?
Ech hunn en Terrain, awer keng Baupläng
Do sidd Dir bei eis richteg! Eis intern Equipe vu diploméierten Architekturberoder an Zeechner freet sech drop, Iech bei der architektonescher Gestaltung vun Ärem Haus ze begleeden. D'Gestioun vun de Flächen, d'Exploitatioun vun der Luucht, d'Raumverdeelung an d'Ariichtung si kee Geheimnis fir eis Equipe. Huelt mat eis Kontakt op a gitt eis Är Kadasternummer an eis Equipe mécht eng detailléiert Etude vun Ärem Terrain (Bautereglementer, Renseignementer an der Gemeng, Relevéen ...). No engem éischte Rendez-vous fir Är Wënsch, Äre Budget an d'Méiglechkeeten, déi Ären Terrain bitt ze beschwätzen, wäerte mir Iech erëm alueden, ouni Engagement oder Käschte, fir Iech een Avant-projet an e detailléierten a komplett transparente Devis virzeleeën.
Ech hunn e Terrain a geneemegt Baupläng
Wonnerbar! Mir kënnen dann direkt bei Budgettéierungsphas iwergoen. Eis Deviseuren ëmfaangen Iech gären fir mat Iech iwwert d'Materialien ze schwätzen, déi Dir benotze wëllt. Op der Basis vun Ärem Choix gëtt en transparenten an detailléierten Devis opgestallt, ganz onverbindlech an ouni Käschte fir Iech.
Ech hunn eng Optioun op engem Terrain, kënne mir schonn déi verschidde Bauméiglechkeete beschwätzen?
Ech hunn nach keen Terrain, kéint Dir mir do hëllefen?
Wéi schafft Dir?