Dateschutzrichtlinnen

Fir d’lescht modifizéiert den: 13/02/2019

Andeems Dir um Site www.clk.lu, navigéiert, gitt Dir der Gesellschaft CLK Constructions SÀRL. Äert Averständnis, Är perséinlech Donnéeën ze sammelen an ze traitéieren.

Mir si vun der Wichtegkeet vum Dateschutz iwwerzeegt. Aus dësem Grond konzipéieren a bidde mir eis Servicer ëmmer mat Récksiicht op de Schutz vun Ärer Privatsphär un. Dës Politik zum Schutz vun der Privatsphär lëscht all d’perséinlech Informatiounen, déi mir sammelen op, beschreift wéi mir se benotzen a wei Är Donnéeën, sou wéi Är Rechter geschützt ginn.

 

Wei eng Donnéeë sammele mir op eisem Site?

Wann Dir just en einfache Visiteur vun eisem Site sidd, sammelt d’Gesellschaft CLK

Constructions SÀRL. keng perséinlech Donnéeën, ausser Dir benotzt Cookien. Mir sammelen a traitéieren Ären Numm, Virnumm, Adress, Postleitzuel, Staat, Emailadress, Telefonsnummer an aner perséinlech Informatiounen, déi Dir eis direkt matdeelt.

Ob d’Donnéeën obligatoresch oder fakultativ sinn, gëtt Iech duerch de Stär bei der Case matgedeelt. Gewëssen Donnéeë ginn automatesch duerch Är Aktiounen um Site gesammelt.

 

Wéini?

Mir sammelen Informatiounen, déi Dir eis matdeelt beim:

  • Ausfëlle vum Formular iwwert Äre Projet;
  • Beim Ausfëlle vum Formular fir den Abo vum Newsletter;
  • beim Bewerbe fir eng Aarbechtsplaz op eisem Internetsite.

 

EMPFÄNGER VUN DEN Donnéeën

D’Donnéeën, déi um Site www.clk.lu gesammelt ginn, si just fir d’Gesellschaft CLK Constructions SÀRL. geduecht.

Se kënnen un aner Gesellschaften – Subgesellschaften – un déi sech d’Gesellschaft CLK Constructions SÀRL. fir d’Ausübe vu gewëssene Servicer (z. B. Webhosting) went, iwwermëttelt ginn. D’Gesellschaft CLK Constructions SÀRL. fuerdert vun dëse Prestatairen, dass strikt Moossname fir d’Vertraulechkeet, an den Dateschutz ugewent ginn. Soubal den Traitement duerch ass, ginn d’Informatiounen duerch e Kontrakt geschützt, andeems déi Drëtt Parteien dozou verflicht ginn, d’Informatioune just den Instruktioune vun der Gesellschaft CLK Constructions SÀRL. an den Dispositioune vun dëser Vertraulechkeetserklärung no ze benotzen, an all d’Sécherheets- an d’Vertraulechkeetsmesuren unzewenden.

 

WÉI BENOTZE MIR ÄR GESAMMELT DONNÉEËN

Duerch d’gesammelt Donnéeë kënne mir eis Produiten a Servicer bereetstellen, geréieren, schützen a verbesseren, neier developpéieren a souwuel eis Notzer wéi och eis selwer schützen. Déi Donnéeën erlaben eis och Iech Matdeelungen ze schécken, vun deene mir mengen, dass se kéinten interessant fir Iech sinn. Dozou gehéieren Informatiounen iwwer Produiten, Servicer, Promotiounen an aner Nouvellen an Evenementer vun der Gesellschaft CLK Constructions SÀRL., an dat eben an der Mesure, déi konform ass mat der lokaler Legislatioun.
Sozialt Netzwierk

D’Benotze vu sozialen Netzwierker a Servicer vun der Firma CLK Constructions SÀRL. betreffend dës sozial Netzwierker, kann eventuell ee Sammelen an Austausch vu gewëssenen Donnéeën tëscht de sozialen Netzwierker an der Firma CLK Constructions SÀRL mat sech bréngen. Mir bieden Iech, d’perséinlech Dateschutzpolitik vun de sozialen Netzwierker ze consultéieren, fir gewuer ze ginn, wéi eng Informatiounen, déi vun de sozialen Netzwierker gesammelt ginn an a Verbindung mat dëse Sitten un d’Firma CLK Constructions SÀRL weidergeleet kënne ginn, an och wéi dës Donnéeë schlussendlech gebraucht kënne ginn, z. B. fir Publicitéitszwecker. Dir kënnt op de sozialen Netzwierker den Zougang an d’Confidentialitéit vun Ären Donnéeën direkt parametréieren a kontrolléieren. D’Firma CLK Constructions SÀRL. ass net verantwortlech fir d’Benotze vun Ären Donnéeën duerch sozial Netzwierker.

 

COOKIEN

Fir d’Performance vun eisem Site ze verbesseren an Iech eng besser Navigatiouns-Experienz ze bidden, benotzt de Site Cookien.

Fir weider Informatiounen iwwert d’Donnéeën ze kréien, déi vun de Cookië gesammelt goufen, a fir Är Preferenzen ze parametréieren, gitt w.e.g. op eis Säit iwwert d’Cookiepolitik.

 

SÉCHERUNG VUN DEN INFORMATIOUNEN

D’Firma CLK Constructions SÀRL. hëlt all d’Sécherheetsmoossnamen, déi néideg sinn, fir sech géint den onerlaabten Zougang zu de gespäicherten Donnéeën an all Ännerungen, Verreedung oder Zerstéierung vun dësen Donnéeën ze schützen. D’Firma CLK Constructions SÀRL. limitéiert den Zougang zu Äre perséinlechen Identifikatiounsinformatiounen op d’Employéeën, déi dës Informatioune brauchen, fir dass d’Servicer vun der Firma fonctionnéieren, se ze entwéckelen oder ze verbesseren.

 

ZOUGANGS-, REKTIFIKATIOUNS- AN OPPOSITIOUNSRECHT

Fir d’Firma CLK Constructions SÀRL. stellt net a Fro, dass Dir d’Kontroll iwwert Är Donnéeë behaalt. Aus dësem Grond kënnt Dir op all Moment Är Donnéeën, déi Dir eis kommunizéiert hutt, verbesseren, ergänzen oder läschen, andeems Dir Iech an Ärem perséinleche Kont aloggt.

Geméiss dem Gesetz vum 8. Dezember 1992 iwwert de Schutz vun der Privatsphär, betreffend den Traitement vun de perséinlechen Donnéeën, a geméiss dem EU Reglement 2016/679 vun senger Applikatioun um 25. Mee 2018 un, hutt Dir d’Recht, Zougang op Är Donnéeën ze hunn, se ze ergänzen oder ze läschen, andeems Dir d’Firma CLK Constructions SÀRL. op folgender Emailadress kontaktéiert: info@clk.lu oder op der Adress: CLK S.À.R.L, 2 Zone Industrielle L-9166 Mertzig, Lëtzebuerg. Dir gitt gefrot, Är Ufro ze ënnerschreiwen an eng gescannte Kopie vun Ärer Identitéitskaart bäizeleeën.

Fir all Informatiounen iwwert de Schutz vun de perséinlechen Daten, kënnt Dir och de Site vun der Nationaler Dateschutzkommissioun (CNPD) consultéieren: https://cnpd.public.lu/fr.html

 

MODIFIKATIOUNEN

D’Firma CLK Constructions SÀRL. behält sech d’Recht vir, dës perséinlech Dateschutzpolitik z’adaptéieren. Mir roden Iech dowéinst, reegelméisseg déi lescht Versioun vun dësem Informatiounsdokument ze consultéieren.