Brouwers Bureau Immobilier proposéiert Iech dëst wonnerbart Haus: e Jumelé, fräi op dräi Säiten, am Gaang gebaut ze gi vun CLK Construction. Op 43, rue d’Arlon zu Brouch, an der Géigend vun der Gemeng Miersch, bitt dëst Passivhaus AAA grouss Flächen a profitéiert opgrond vun der Südlag vun enger natierlecher Hellegkeet an engem méi wei 500 m2 grousse Gaart.
Dëst grousst Haus vun 251,46 m2 Notzfläch, wouvunner 192,50 m2 Wunnfläch sinn, setzt sech zesummen aus:
Rez-de-chaussée :
- Entrée mat Gaderobe
- eng grouss Garage fir 3 Autoen
- 2 Stellplaze baussen
- eng Wäschkichen
Éischte Stack:
- eng separat Toilette
- e Büro
- oppe Kichen, déi op e grousst Iesszëmmer a Living zougeet
- eng grouss Terrass, déi hannenaus an de Gaart féiert
- Südlag
Zweete Stack:
- Gank
- zwou Schlofkummeren
- Buedzëmmer mat Dusch
- grouss Eltereschlofkummer mat privatem Buedzëmmer
Pluspunkte vum Haus:
- Passivhaus
- Buedemheizung an all de Wunnraim
- kontrolléiert mechanesch Ventilatioun
- Pompe-à-chaleur mat Solarmodullen
- elektresch Storë
- Moleraarbechten abegraff
- grousse Choix un héichklassege Finitiounen
Am Präis ass d’TVA vun 3% abegraff (ënner Virbehalt vum Accord vun der Administration de l’Enregistrement et Domaines)