Rechtlech Hiweiser

Editeur, Hosting Provider, Proprietär

Den Internet Site www.clk.lu a säi Contenu sinn d’Proprietéit vun der Firma CLK Constructions SÀRL., mat Sëtz um 2, Zone Industrielle L-9166 Mertzig, deen am Registre du commerce et des sociétés de Luxembourg ënnert der Nummer B93550 agedroen ass.

D’Direktioun vun der Publikatioun ënnerläit der Responsable marketing & communication vun der Gesellschaft, der Madame Cristina Marina.

D’Konzept, den Design an d’Entwécklung vum Internetsite goufe vun der Kommunikatiounsagence binsfeld, 14, Place du Parc, L-2313 Luxembourg, LËTZEBUERG gemaach.

Wann Dir als Benotzer eng Anomalie oder soss e Problem op dësem Site sollt feststellen, da went Iech w.e.g. u binsfeld: info@binsfeld.lu

Den Internetsite ass a Frankräich hebergéiert bei OVH, 2 rue Kellermann BP 80157. 59100 Roubaix, FRANKRÄICH.

Andeems een de Site weider benotzt, akzeptéiert de Visiteur folgend Konditiounen.

CLK Constructions SÀRL. behält sech doriwwer eraus och d’Méiglechkeet vir, d’Benotzerkonditioune vun dësem Site all Moment ze änneren. An deem Sënn réit CLK Constructions SÀRL. alle Benotzer, reegelméisseg déi lescht Versioun vun de Benotzerkonditioune vum Internetsite ze consultéieren.

Fir all Reklamatioun kann de Benotzer den Editeur vum Internetsite op folgender Adress kontaktéieren: info@clk.lu

 

Benotze vum Internetsite

De Benotzer engagéiert sech, den Internesite uerdnungsgemäss ze benotzen, d’Rechter vu CLK Constructions SÀRL. net ze verletzen an hinnen net ze schueden.

De Benotzer engagéiert sech der Firma hir Reputatioun net ze schiedegen, d’Firma net ze verleumden oder ze bedrängen, oder der CLK Constructions SÀRL., engem vun hire Clienten oder engem Drëtten ze droen a kee Gerät, Programm oder Software ze benotzen, deen dem Fonctionnement vum Internetsite kéint schueden.

 

Objet vum Internet site

D’Zil vum Internet Site www.clk.lu ass:

  • D’Firma CLK Constructions SÀRL virzestellen;
  • D’Projeten, déi CLK Constructions SÀRL realiséiert huet, virzestellen;
  • De Benotzer ze erlaaben, CLK Constructions SÀRL hire Projet virzestellen;
  • D’Projeten, déi vu Brouwers Immobilière S.A. zum Verkaf ugebuede ginn, virzestellen;
  • D’Neiegkeete vun der Firma CLK Constructions SÀRL virzestellen;
  • D’Aarbechtsplazen, déi an der Firma CLK Constructions SÀRL ausgeschriwwe sinn, virzestellen;
  • De Benotzer ze erlaben, mat CLK Constructions SÀRL a Kontakt ze trieden;
  • De Benotzer ze erlaben, den Newsletter vun CLK Constructions SÀRL ze abonnéieren.

 

Intellektuellen Eegentum

Den Internetsite, grad wéi säi Contenu gehéieren CLK Constructions SÀRL a gi vun hinne bedriwwen. D’Texter, d’Fotoen, d’Publikatiounen, d’Dokumenter fir erofzelueden oder all aner Kreatioun oder original Dokumenter, sinn duerch d’Urheberrecht op eng net limitativ Aart a Weis geschützt.

CLK Constructions SÀRL. ass de Rechteinhaber vum intellektuellen Eegentum an ass berechtegt d’Reproduktioun oder d’Representatioun ze erlaben. All Reproduktioun, Representatioun, Iwwersetzung, Adaptatioun oder Citatioun, ob integral oder deelweis, vun den uewe genannten Elementer, ass strengstens verbueden, ausser et läit eng schrëftlech Erlaabnes vun CLK Constructions SÀRL vir, déi am Viraus uegfrot gouf.

Den Internetsite ass fir Äre perséinleche Gebrauch virgesinn mat engem net kommerziellen Zil. D’Benotze vum Inhalt vum Internetsite oder iergendengem Element vum Internetsite ausserhalb vun engem perséinlechen a private Gebrauch, erfuerdert am Virausser eng schrëftlech Erlaabnes vun CLK Constructions SÀRL.

 

Zougang zum Internetsite

CLK Constructions SÀRL. beméit sech ëm d’Disponibilitéit vun dësem Internetsite. Allerdéngs kann CLK Constructions SÀRL. net verantwortlech gemaach ginn, fir eng zäitweileg Indisponibilitéit vum Internetsite aus Maintenancegrënn, oder well Verbesserunge virgeholl ginn, oder aus technesche Grënn, déi net op d’Firma zréckzeféiere sinn. CLK Constructions SÀRL. behält sech d’Recht fir, engem Benotzer den Zougang zum Internetsite zu all Moment an ouni Virumeldung ze verbidden.

 

Lienen op aner Internetsitten

Den Internetsite ka Lienen op extern Internetsitte benennen, déi Iech interesséiere kéinten.

CLK Constructions SÀRL. kann net an d’Verantwortung gezu ginn, wann et ëm de Contenu vun enge vun dësen Drëttpartei-Internetsitten geet, op déi Dir Zougang krut via den Internetsite.

CLK Constructions SÀRL. huet kee Kontrollmëttel iwwert de Contenu vun dësen Drëttpartei-Internet Sitten, déi onofhängeg vun CLK Constructions SÀRL sinn.

Doriwwer eraus heescht d’Bestoe vun engem Lien tëscht dem Internetsite an engem Drëttpartei-Internetsite kengesfalls, dass CLK Constructions SÀRL. de Contenu vun dësem Site op iergendeng Aart a Weis approuvéiert oder d’Benotze guttheescht.

 

Kontakt

Dir kënnt eis fir all weider Informatiounen iwwer d’Email info@clk.lu kontaktéieren oder op folgender Telefonsnummer: (+352) 88 82 01.

 

Geltend Recht

All Litigen a Relatioun mam Internetsite, senger Consultatioun oder d’Benotzen dovun duerch de Visiteur ënnerleien der Lëtzebuerger Gesetzgebung an der Kompetenz vun de Lëtzebuerger Geriichter.